Paulette Lenert"Mir hu vläicht d’Eegeverantwortung iwwerschat"

RTL Lëtzebuerg
Mam Deconfinement hat d’Santé mat enger Hausse vun den Neiinfektioune gerechent, awer net, datt et sou kloer wéinst Privatepartye wier.

D’Hausse vun den Neiinfektiounen an de leschte zwou Wochen wier kee Gronn fir ze panikéieren, mä 50 nei Fäll pro Dag, dat géing engem awer Suerge maachen, sou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Méindeg an engem Interview mat Paperjam.

D’Leit hätten hirer Meenung no de Paradigmewiessel vum 10. Juni falsch verstan: Soubal et erëm erlaabt war méi Leit anzelueden, wieren d’Leit op de Maximum gaangen, ouni verstan ze hunn, datt de Virus nach ëmmer do ass. "Mir hunn vläicht d’Eegeverantwortung iwwerschat", sou d’Paulette Lenert. D’Gesondheetsministesch seet et wier mënschlech an et wier net eng Fro, ob een elo enttäuscht wier oder net. Et wier awer "alarmant", well "eppes net esou gaangen ass, wéi mir eis et erwaart hunn". Mam Deconfinement hat d’Santé mat enger Hausse vun den Neiinfektioune gerechent. Par konter hat ee sech net erwaart, datt et sou kloer wéinst Privatpartye wier. D’Paulette Lenert seet si géing elo de Problem gesinn an elo géing et drëms goen, ze "reajustéieren". Bei Rassemblementer mat manner wéi 20 Leit bleift et bei Recommandatiounen. Alles wat driwwer ass, do gëtt de Mask an d’Distanz rëm obligatoresch.

Back to Top
CIM LOGO