Neijoerschpatt vun der LSAP"Mir kënnen et besser a mir si besser wéi déi aktuell Regierung"

Dany Rasqué
Dat huet d’LSAP Presidentin Francine Closener um Mëttwoch den Owend um Neijoerschpatt vun hirer Partei ënnerstrach.
Neijoerschpatt vun der LSAP
“Mir kënnen et besser a mir si besser wéi déi aktuell Regierung”, sou Francine Closener um Mëttwoch den Owend um Neijoerschpatt vun hirer Partei.

Jo de Luc Frieden hätt geliwwert, leider, seet si hannendrun a fäert, datt de Premier och nach net fäerdeg ass. De Parteipresident Dan Biancalana huet vun engem Luc Frieden geschwat, deen haaptsächlech vu sech selwer iwwerzeegt wier a parallel total iwwerfuerdert.

Et wier eng Mëschung aus “sech selwer iwwerschätzen” an “Arroganz” an domadder wiere sensibel Dossieren widder d’Mauer gefuer ginn an et wieren dausende Leit op der Strooss gewiescht.

D’LSAP well awer net, wéi den Dan Biancalana betount, datt der Regierung hir Inkompetenz an Arroganz d’Stäerkt vun de Sozialisten ass. Der LSAP hir Stäerkt wieren hir Iddien, Iwwerzeegungen a Propositiounen.

Fir d’Partei fänkt och elo de Walkampf fir 2028. Et ass awer net den Duo Closener/Biancalana deen d’LSAP an d’Wale féiert. Um Kongress am Mäerz, wou d’Sozialisten sech en neie Grondsazprogramm ginn, gëtt och eng nei Spëtzt gewielt an do trieden déi zwee Deputéiert net méi un.

Och de Partei-Manager, de Ben Streff, ass do net méi mat vun der Partie, hien huet jo demissionéiert a bei eis op der Antenn kritiséiert, datt fréier Ministeren, déi elo an der Chamber sinn, net genuch Präsenz um Terrain weisen. Eng Kritik, déi déi meescht Betraffen net gëlle gelooss hunn.

Back to Top
CIM LOGO