President vum SNE/CGFP"Mir si frou, datt d'Rentrée net méi am Zeeche vun der Pandemie stoung"

RTL Lëtzebuerg
Dat sot de Patrick Remakel e Méindeg de Moien op der traditioneller Rentréespressekonferenz vum SNE/CGFP.
© RTL-Archivbild

Doleancen SNE/CGFP / Reportage Claudia Kollwelter

Den SNE begréisst, datt déi flächendeckend gratis Hausaufgabenhëllef vun de Maison-relaisen assuréiert gëtt. Donieft soll awer och e sougenannten E-Bichelchen agefouert ginn, fir d’Kommunikatioun tëscht Schoul, Maison relais an Elteren ze assuréieren. Do ass d’Gewerkschaft der Meenung, datt dës fakultativ soll sinn an et och nach aner Kommunikatiounsméiglechkeete ginn.

De Patrick Remakel: “Dem Enseignant soll fräi gestallt ginn, ob wéi eng Manéier e mat den Elteren an der Maison relais kommunizéiere wëll. De Gebrauch vum E-Bichelche soll fakultativ sinn a bleiwen an ee vu méigleche Kommunikatiounsweeër sinn, déi ee benotze kann.

Wat de Pilotprojet vun enger Alphabetiséierung op Franséisch ugeet, fuerdert den SNE, datt d’Klasse getrennt ginn an net parallel eng Alphabetiséierung an zwou Sproochen an enger Klass gemaach gëtt. Dat wier och fir den Enseignant onméiglech.

Donieft fuerdert den SNE weider, datt den Enseignantsberuff méi attraktiv gemaach gëtt, an datt d’Schoulmeeschterausbildung op Masterniveau gehéicht gëtt.

Den neie System vum Quereinsteiger, wéi e vum Ministère virgesinn ass, geet dem President vum SNE no net wäit genuch.

Mir hätte gär eng grouss Reform gehat vum Schoulmeeschterstudium. Datt et just 1 Wee gëtt fir Schoulmeeschter ze ginn. Jidderee soll e Bachelor maachen a Relatioun mat der Schoul an dono e Master an der Science de l’éducation.”

Et hätt ee sech méi Courage vum Minister erwaart an erhofft huet, sou nach de Patrick Remakel.

Back to Top
CIM LOGO