Neie Schäfferot an der Gemeng Esch-SauerMireille Welter soll nei Buergermeeschtesch ginn

RTL Lëtzebuerg
An der Gemeng Esch-Sauer ginn d'Weiche fir en neie Schäfferot gestallt, nodeems de Buergermeeschter Laurent Hilger am Dezember aus gesondheetleche Grënn demissionéiert hat.
D'Mireille Welter
D’Mireille Welter
© Gemeng Esch-Sauer

No der Demissioun vum Buergermeeschter Laurent Hilger de 16. Dezember proposéiert déi majoritär “Biergerlëscht mat iech” RTL-Informatiounen no dem Conseil d‘Mireille Welter als nei Buergermeeschtesch. Si war bis ewell zweet Schäffin a war bei de Walen 2023 déi fënneft Gewielten op der genannter Lëscht. D’Gemeng Esch-Sauer huet dës Informatiounen och am Laf vum Donneschdegmoien an engem Schreiwes confirméiert.

Weider gëtt virgeschloen, datt d‘Jenny Schank um Poste vun der éischter Schäffin bleift an datt de Conseiller Jeannot Sanavia als zweete Schäffen noréckelt.


Links:

D'Schreiwes vun der Gemeng Esch-Sauer zu der Propos vun der Mireille Welter als Buergermeeschtesch.

Back to Top
CIM LOGO