Mir als DP sinn oppe fir an eng Tripartite ze goen. Dat sot d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes e Méindeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. Et misst ee wäitsiichteg denken an hei géing et ëm d'Kafkraaft vun de Leit, ëm d'Kompetitivitéit vun de Betriber an et géing drëm, de Chômage ze reduzéieren. D'Tripartite wier en Instrument, wou een zesumme no Léisunge sicht, also Salariéen, Patronat an Regierung. D'Erausfuerderunge fir de Standuert Lëtzebuerg wieren den Ament ganz grouss. Et wiere keng einfach Gespréicher, mee am Endeffekt wier et gutt fir d'Salariéeën a gutt fir d'Patronat, doru misst een elo erënneren. Et wier awer um Premierminister, fir eng Tripartite anzeberuffen, sou nach d'DP-Ministesch.
E weidere Sujet war den Ausbau vum Findel, deen absolutt néideg wier. Bis 2050 soll sech d'Zuel vun de Passagéier nämlech op 10 Millioune verduebelen. An och de Cargo wäert ëm 50 Prozent klammen. LuxAirport wier e wichtegen Deel vun eiser Wirtschaft a géing 90.000 Aarbechtsplazen an der Groussregioun generéieren a 55.000 hei am Grand-Duché. Doduerch géing de Flughafen och zu engem groussen Deel zum Lëtzebuerger PIB bäidroen. Genee dofir huet d'Regierung decidéiert, fir 200 Milliounen Euro zum Ausbau bäizedroen. LuxAirport iwwerhëlt 800 Milliounen Euro.
Vill méi Fligeren, bedeit och vill méi Kaméidi fir d'Awunner vun Hamm, Bouneweg a Sandweiler. Dofir géing ee ganz staark op d'Entwécklung vun der elektrescher Fligerei setzen. Dann hätt een net just manner Kaméidi, mee och eng Reduktioun vun CO2. Déi nei Embraer vun Luxair zum Beispill, kéint méi Passagéier transportéieren a géing dobäi manner CO2 ausstoussen a manner Kaméidi maachen. Et wier och net ugeduecht, fir eppes un de Nuetsvollen ze änneren. Et bleift e Verbuet tëscht 11 Auer owes a 6 Auer moies. An tëscht 2024 an 2025 hätt ee scho 6 Prozent manner Nuetsflich gehat, erkläert d'Mobilitéitsministesch. Fir dass de Findel ka wuessen, mussen eng Rei Plaze réckelen, notamment d'Sportfligerei. Wouhin déi soll kommen, wéisst een net. Do wier nach keng Plaz identifizéiert. "Dat gëtt net einfach. Dat wäert och elo net sou séier geschéien, wann et iwwerhaapt geschitt."
Et gëtt en neien Hybrid-Tower gebaut. Dat hat d'lescht Joer fir vill Diskussioune mat der Gewerkschaft vun de Fluglotse gesuergt. Et wier ee sech awer eens ginn, dass et wichteg wier, dass den Tower e Bléck op d'Pist behält, mee dass een och mat der Technologie matgeet a méi digital gëtt. Am Mee kéint een iwwregens och eng Expo am Flughafe kucke goen iwwert d'Fluch-Navigatioun zu Lëtzebuerg an do mat abegraff, wéi een Tower kann ausgesinn.
Nieft engem neien Tower, kënnt och en neit Militär-Areal op de LuxAirport. Wat genee do hikënnt, dat géing vun der Arméi ausgeschafft ginn. Haut schonn, ass de LuxAirport en NATO-Flughafen a gëtt alimentéiert mat enger Kerosin-Pipeline vun der NATO. Militärfligeren, wéi de Lëtzebuerger A400M, géinge jo haut schonn do landen an am Eeschtfall kéinten et der och méi ginn, erkläert d'Defenseministesch.
Virgesinn ass och een zweete sougenannte "Contingency-Runway" fir de Fall, dass d'Haaptpist géing ausfalen. Bis ewell war och keng Plaz dofir do, mee wann een den Tower géing fort huelen, kéint een eng Ersatz-Pist do bauen, wou haut den Taxiway fir d'Fligeren ass. Déi Plaz misst natierlech nach begradegt ginn. Mee do missten awer nach am Detail Analyse gemaach ginn. Op alle Fall kéint een ni béid Piste gläichzäiteg a Betrib hunn. Op d'Fro, ob déi aktuell Landepist eng Kéier géing komplett renovéiert ginn, äntwert d'Ministesch, si hätt de Problem vun hirem Virgänger geierft. 2022 wier d'Pist renovéiert ginn, mee LuxAirport hätt do e Produit kritt, dee se net bestallt hätten. Déi nächst Schrëtt wieren do juristescher Natur an en attendant géing een natierlech d'Pist permanent kontrolléieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.