Fir Eltere vu krankem KandModalitéite vum "Congé pour raisons familiales" ginn iwwerschafft

RTL Lëtzebuerg
D'Modalitéite fir als Eltere vun engem kranke Kand, vum sougenannte "Congé pour raisons familiales" ze profitéieren, sinn am Gaang, iwwerschafft ze ginn.
© AFP

Wéi den Aarbechtsminister op eng parlamentaresch Fro vun der CSV zougëtt, wier d’Lëscht vun de Fäll, déi am Reglement stinn, fir de Congé an Ausnamefäll bis maximal 52 Wochen an enger Referenzperiod vun 104 Woche verlängert ze kréien, den Ament ze restriktiv a géif och net méi der Realitéit entspriechen. Den internen Aarbechtsgrupp wier den Ament am Gaang, Proposen auszeschaffen. D’Iwwerleeunge sollen da mat de concernéierten Acteuren, dorënner d’Sozialpartner, déi och am Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess vertruede sinn, diskutéiert ginn. Esoubal déi Aarbechten ofgeschloss sinn, sollen d’Changementer an de Regierungsrot kommen.

Back to Top
CIM LOGO