Wärend 2 StonnenMontée de Clausen an der Stad war wéinst Pompjeesasaz gespaart

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moien huet d'Montée de Clausen musse bis ongeféier 9.30 Auer gespaart ginn, well d'Pompjeeën hei e Brand an engem Haus hu musse läschen.
Feier a Clausen / Incendie Clausen
E Mëttwoch de Moien huet et an enger Wunneng gebrannt. D'Montée de Clausen huet wärend de Läschaarbechte musse gespaart ginn.

D'Feier war an engem Appartement ausgebrach. Dem CGDIS no, gouf keen heibäi blesséiert. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad goufen an den Asaz geruff.

Ee Blesséierte gouf et e Mëttwoch de Moie fréi géint 5 Auer bei engem Accident um Pont Adolphe, wou zwee Ween net laanschtenee komm waren. Ee Auto gouf widder eng provisoresch Leitplank geschleidert. D'Fra am Won gouf ageklemmt an huet misse vun de Rettungsekippe befreit ginn. Si koum fir eng Kontroll an d'Spidol. De Chauffer aus deem aneren Auto gouf net verwonnt.

Zwou Ambulanzen an d'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz. Den Accès fir bei de Pont Adolphe war wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte gespaart.

Back to Top
CIM LOGO