CGDISMotocyclist gefall a Kollisiounen tëscht 2 Autoen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am fréien Owend ass ee Motocyclist op der A13 a Richtung Péiteng, beim Tunnel Markusbierg gefall. E gouf dobäi blesséiert.

D'Asazzentere vu Munneref a vu Schengen waren op der Plaz, grad wéi d'Ambulanz vu Réimech.

Bei der Zëtteger Millen sinn zwee Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. Op der Plaz war d'Ambulanz vun Iechternach, de Samu vun Ettelbréck an d'Asazzentere vu Jonglënster a Konsdref.

Zu Maarnech an der Marbuergerstrooss ass e Samschdeg de Moie géint 8.15 Auer en Accident tëscht 2 Autoe geschitt. 1 Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeë vu Klierf waren op der Plaz an d'Ambulanz vu Wolz.

Back to Top
CIM LOGO