
De Chauffer vun enger Camionnette wollt op e privaten Terrain ofbéien a krut dobäi e Motocyclist ze paken, dee grad entgéintgefuer koum. De Mann um Moto wollt nach auswäichen, krut eng Kollisioun awer net verhënnert. Hie gouf schwéier um Bee blesséiert a koum an d’Spidol.
Den Accident gouf protokolléiert.