Am LokalenMotocyclist op der Areler A6 gefall a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Op der Areler Autobunn tëscht der Helfenter Bréck a Stroossen ass e Mëttwoch den Owend géint 23 Auer e Motocyclist gefall.
© Laurent Weber / RTL (Archivbild)

Wéi de CGDIS mellt, gouf de Mann verwonnt. Méi Detailer ginn net genannt. D’Secouriste vu Mamer an aus der Stad, wéi och de Samu-Noutdokter waren op der Plaz.

Da mellt de CGDIS nach, dass en Donneschdeg géint 6.45 Auer Stréibotten zu Keel an der Rue des Pres gebrannt hunn. D’Keeler Pompjeeë waren op der Plaz. Kengem ass hei eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO