Samu am Asaz zu HesperMotorradschauffer bei Accident mat Auto blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt zwee Accidenter um Donneschdeg den Owend. Zwou Persoune goufe blesséiert, dorënner ee Motorradschauffer.
© RTL-Archiv

Géint 18 Auer ass um Donneschdeg den Owend op der RN14 ee Mënsch blesséiert ginn. Tëscht Miedernach an der Fiels waren zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Ambulanz aus der Fiels war op der Plaz.

Ëm 22 Auer huet et eng zweete Kéier geknuppt, dës Kéier zu Hesper an der Rue de Gasperich. Een Auto an ee Moto waren am Coup, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Eng Ambulanz an de Samu aus der Stad waren op der Plaz, fir sech ëm de Motorradschauffer ze këmmeren.

Back to Top
CIM LOGO