
De Modus Operandi ass ëmmer dee selwechten: Ufanks gëtt en onschëlleg-wierkende Message iwwert de Facebook-Messenger vun engem “Frënd” geschéckt. A Wierklechkeet handelt et sech dobäi awer ëm e geklaute Kont, deen déi Onéierlech fir hir Zwecker notzen.
Soubal d’Affer seng Telefonsnummer erausgëtt, wiesselt de Kontakt meeschtens op en anere Messenger-Déngscht, wéi zum Beispill WhatsApp. Hei gëtt een duerno invitéiert, iwwer e Link un engem “lukrativen” Spill deelzehuelen. Versprach ginn dobäi Zommen, déi tëscht zwou Persoune gedeelt solle ginn.
Fir un deem Spill deelzehuelen, mussen d’Participanten en Online-Formulaire ausfëllen an all hir Donnéeë matdeelen. Kuerz drop gëtt annoncéiert, datt e sechsstellege Code geschéckt gëtt, deen der Verifikatioun vum méigleche “Gewënn” dénge géif. Dëse Code soll un den Onéierlechen zréckgeschéckt ginn a genee domat gëtt d’Affer dann den Zougrëff op den Telefon an den Online-Banking vum Affer.
Fir e méigleche Verdacht ze verhënneren, ginn d’Affer dacks mat gefälschte Kaddoschecken oder manipuléierten Auszich vu Bankkonte berouegt. Dobäi spillen déi Kriminell op Zäit an drängen hir Affer, séier, spontan an oniwwerluecht ze handelen, eng typesch Taktik bei Online-Bedruch.
Besonnesch dacks goufen dobäi falsch Gewënnspiller gemellt, déi vu bekannter Supermarchéschaîne wéi Cactus oder Delhaize solle sinn. Dëst ass natierlech net de Fall.
D’Police rifft dozou op, op follgend Punkten opzepassen:
D’Police rifft d’Bevëlkerung zousätzlech dozou op, besonnesch eelere Leit am Familljen- oder Bekanntekrees iwwer dës Bedruchsmasch z’informéieren a si dofir ze sensibiliséieren.