
Deen Ament, wéi den Avis vum Staatsrot iwwert eng 150 Amendementer zu deem wichtege Gesetz virlouch.
D'Aarbechte ginn elo vun den Deputéierten nei lancéiert, dat gouf de Mëttwoch de Moien decidéiert. Iwwernächst Woch soll dee Prozess an enger Sous-Kommissioun, engem Aarbechtsgrupp mat 6 Deputéierten, weidergoen, dee vum Franz Fayot presidéiert gëtt.
Dat dierft awer nëmme vu kuerzer Dauer sinn, well den LSAP-Deputéierte jo nom 4. Februar wäert als neie Wirtschaftsminister vereedegt ginn.
D'nei Versioun vum Faillittegesetz soll de preventive Volet verstäerken. Ënnert anerem och andeems eng "zweet Chance" fir Geschäftsleit agefouert gëtt, déi mussen eng Faillite deklaréieren, mee déi awer gewëllt sinn, fir nees en neie Betrib opzemaachen.
Am neie Gesetz sollen och rechtlech Moyenen agefouert ginn, fir Betriber opzeléisen, déi finanziell net méi ze hale sinn.
Wat d'Jugendschutzgesetz ugeet, sou huet d'zoustänneg Ministesch Sam Tanson den Deputéierten de Mëttwoch de Moie confirméiert, datt e komplett neien Text wäert geschriwwe ginn. Dobäi kann op de fachleche Support vun der Renate Winter, der Presidentin vum UNO-Kannerrechtscomité, gezielt ginn.