Ka Gëftstoff enthalenNestlé rifft weltwäit Narung fir Puppelcher zeréck - och Produiten zu Lëtzebuerg betraff

RTL Lëtzebuerg
Beim Liewensmëttelkonzern Nestlé gëtt et den Ament eng gréisser Réckruffaktioun. Dës gëllt weltwäit a betrëfft Produite fir Puppelcher.
Dëst ass e Symbolbild.
Dëst ass e Symbolbild.
© JAKUB PORZYCKI/NurPhoto via AFP

Et ass déi historesch gréisste Réckruffaktioun, déi de Liewensmëttelkonzern bis ewell huet missen duerchféieren. Nestlé rifft sëllege Produite fir Puppelcher vun hire Marke “Beba”, “NAN” an “Alfamino” zeréck. Hannergrond sinn de Responsabelen no Ingrediente vum Fournisseur, an deene Cereulid festgestallt ginn ass. Et handelt sech dobäi ëm een Toxin, deen duerch d’Bakterie Bacililus cereus entstoe kann. Betraff sinn do virun allem verschidde Polver oder Flëssegkeeten an Dousen, Këschten oder Fläschen.

Dëse Gëftstoff ka bei Kanner bannent 30 Minutte bis 6 Stonne Iwwelzegkeet mat sech iwwerginn, Duerchfall an ongewéinlech Middegkeet ausléisen. Wann e Kand keng esou Symptomer weist, besteet och kee Grond, sech Suergen ze maachen, dass een esou ee Produit doheem huet. Nestlé betount an enger Erklärung, dass bis ewell nach keng Erkrankunge mat esou Symptomer no der Consommatioun vun engem betraffene Produit confirméiert gi wieren.

Och zu Lëtzebuerg si verschidden Nestlé-Produite concernéiert, déi a Butteker hei am Land verkaaft ginn. Eng Lëscht fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO