BGL BNP ParibasNettoresultat vun 398 Milliounen Euro am Joer 2020

RTL Lëtzebuerg
Déi Lëtzebuerger Bank BGL BNP Parisbas huet zejoert een Nettoresultat vun 398 Milliounen Euro virgeluecht.

Dat si 15 Prozent méi ewéi nach 2019. Dat huet d’Bank op enger Pressekonferenz annoncéiert. Donieft ass d’Bank op d’Zäite vun der Corona-Pandemie agaangen, wou si de Betriber mat Kreditter gehollef huet.

D’Corona-Kris stellt vill Betriber an Independante virun enorm Erausfuerderungen. A ville Secteure sinn d'Ëmsätz staark agebrach. An esou Situatioune steet een de Clienten zur Säit an accordéiert hinne Kreditter.

Wärend der Corona-Pandemie goufen d’Aktivitéite vun der Bank weidergefouert. Et goufen awer verschidde Mesurë geholl. Virun allem goufen Equippen op e puer Standuerter opgedeelt a jiddwereen am Homeoffice notzt ee geséchert IT-Equipement vun der Bank. Aktuell schaffen déi ronn 2.400 Mataarbechter vun der Bank am Homeoffice.

PDF Schreiwes BGL BNP Paribas

Back to Top
CIM LOGO