
De Finanzminister huet de Point gemaach iwwert den Impakt vum Virus op d'Ekonomie an iwwert d’Mesuren, déi an d’Haus stinn.
Haaptinstrument, wéi zu Zäite vun der Wirtschaftskris, ass d’Kuerzaarbecht. Donieft huet d’Regierung e Mëttwoch e Gesetzprojet op den Instanzewee bruecht, fir bei „aussergewéinlechen Evenementer“ bis zu 200.000 Euro Hëllef u Kleng- a Mëttelbetriber kënnen ze ginn. An da wier een un d’EU-Kommissioun erugetrueden, fir d’Erlabnis ze kréien, fir Betriber bis zu 500.000 Euro forfaitaire Hëllef kënnen ze ginn oder eng staatlech Garantie ze ginn, wa se Sue bei enger Bank wëlle léinen. Dat géing aktuell duergoen, sou den LSAP-Wirtschaftsminister. Mee de Franz Fayot sot, bei déi 50 Betriber, déi scho fir Hëllef ugeklappt hunn, kommen der sécher dobäi.
Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar huet d’Initiativen vun der Regierung fir d’Wirtschaft begréisst, mee weider Iddie mat op de Wee ginn: beispillsweis kéint d’Regierung d’Ausbezuele vun TVA a Sécurité Sociale fir Betriber aussetzen. Iddien, déi de Franz Fayot géing am A behalen.
De Laurent Mosar huet awer och betount, datt ee mat der Kris am Moment géing léieren, datt Europa séier rëm misst Industrie opbauen.
Jo eng Re-Industrialiséierung géing net vun haut op muer goen, huet de Laurent Mosar zouginn. Mee d’aktuell Kris géing weisen, datt Zitat "déi globaliséiert Welt net ëmmer sou gutt funktionéiert wéi se misst".