
An de véier Gemenge stëmmen d'Gemengeréit iwwert eng "Délibération concordante" of, an där d'Intentioun fir ze fusionéieren, festgehale gëtt.
An de Conseile vun Dikrech an Ettelbréck gouf et schonn e Méindeg de Mëtteg unanime de feu vert, wéi mer op Nofro gewuer gi sinn. Zu Ierpeldeng-Sauer a Schieren sinn d'Gemengeréit am fréien Owend beieneen.