SuessemNostalgie ronderëm een alen Trakter

RTL Lëtzebuerg
Deslescht koume bei verschiddene Suessemer Erënnerungen op un dat fréiert Duerfliewen.
Nostalgie ronderëm een alen Trakter
Deslescht koume bei verschiddene Suessemer Erënnerungen op un dat fréiert Duerfliewen.

Dat mam "Comeback" vun engem alen Trakter, dee virum neie Joerdausend dacks duerch d'Duerf gefuer ass. D'Danielle Goergen war dobäi, wéi den Zetor, en tschecheschen Trakter, duerch Zoufall säi Wee zréck bei seng fréier Proprietäre fonnt huet.

Den Edmond Dabee hat den Trakter deemools 1974 nei kaf an ass dacks zu Suessem op Kavalkade gefuer. Wéi hien 1997 gestuerwen ass, hat d’Famill decidéiert, fir den Trakter ze verkafen, du koum en op Sir.

Den alen Zetor war 20 Joer laang hei am Gebrauch. E blénkt zwar net méi grad esou, ma e leeft awer nach ëmmer. Elo sollt e verkaf ginn an zwar iwwert eng Facebook-Annonce.

Déi al Rechnung vun 2000 gëtt et nach ëmmer. D’Plackennummer kënne si awer leider net méi halen. D’Pabeieren ënnerschriwwen, den Trakter gelueden a du goung et nees op Suessem. Do denke vill Leit mat Nostalgie un de Monni Ed a säin Trakter, iwwerhaapt un dat aalt Duerfliewen.

Schonns virun e puer Joer goung an der Famill Rieds vum Trakter an datt et Schued wier, datt en deemools verkaf gouf.  Datt si en nees erëmfonnt hunn, war Chance.

Dem Monni Ed säin Trakter an zwou Famillen - eng flott Geschicht also, déi genee do ophält, wou se viru bal 50 Joer ugefaangen huet.

Back to Top
CIM LOGO