De Regroupement familial verbessert d’Integratioun vun de Persounen. Si hunn dofir emol méi genee ënnert d’Lupp geholl, wat d’Hürde fir d’Bénéficiaires de protection sinn, déi hir Famill wëllen hei an d’Land nokomme loossen. 11 Obstakelen hu sech erauskristalliséiert.
An de leschte 5 Joer krute ronn 4.000 Persounen de Refugiésstatut. 1.688 Demandë goufen an där Zäit agereecht, fir eng Persoun am Kader vum Familljenzesummeféieren nokommen ze loossen. An 80 Prozent vun de Fäll gouf déi Demande accordéiert. Bis ewell ass et esou, datt d’BPIen eng Demande op e Regroupement familial stelle kënne, bis 3 Méint nodeems se de Statut kruten.
D’Anamarija Tunjic, Juristin bei der consultativer Mënscherechtskommissioun: "Vill BPIe sinn net an der Lag, innerhalb vun engem esou kuerzen Delai all d'Konditiounen z'erfëllen, virun allem all d'Dokumenter zesummen ze sammelen an och déi finanziell Ressourcen ze hunn, fir den Trajet ze finanzéieren vun de Familljememberen heihinner. Den Accord de coalition gesäit vir, datt d'Gesetzgebung soll geännert ginn. An datt den Delai vun 3 op 6 Méint soll eropgesat ginn. Et ginn awer eng ganz Rei Länner an der EU, wou guer keen Delai virgesinn ass. An der Belsch ass zum Beispill een Delai vun engem Joer virgesinn."
An op dee Wee wëllt och d'CCDH goen. Och d’Definitioun wat eng Famill ass misst iwwerschafft ginn, esou déi consultative Mënscherechtskommissioun.
D’Anamarija Tunjic: "Esou eng Definitioun entsprécht net de Familljemuster vu ville BPIen hei zu Lëtzebuerg. Am Géigesaz zu de klassesche Familljemusteren, déi mir an Europa kennen, liewen d'Elteren, d'Geschwëster, d'Neveuen, d'Niessen, an och Kosengen och ënnert dem selwechten Daach a ginn als Deel vun der enker Famill ugesinn."
Et misst een och déi erwuesse Kanner oder net-biologesch Kanner berécksiichtegen. Do wënscht sech déi consultativ Mënscherechtskommissioun eng méi grouss Ouverture vun der Definitioun. Och bei de Mineurs non accompagnés gesäit d’Mënscherechtskommissioun Problemer. Wat Gesëschter, déi groussjäreg sinn, ugeet, ass d’Situatioun nämlech komplizéiert.
D’Anamarija Tunjic: "An dat féiert zu immens schwéieren Situatioun, wou d'Eltere mussen decidéieren, ob si bei dat Kand hei op Lëtzebuerg kommen an dat anert Kand oder Kanner dohannen a Gefor loossen oder net."
D’Lienen tëscht Familljememberen iwwert d’DNA-Tester ze beweisen, dierft just am leschte Fall gemaach ginn. Well "et och net onbedéngt an deem Land ass, wou een de Regroupement familial ufreet, wou déi Tester gemaach ginn, mä dohannen, dann och net déi selwecht Konditioune respektéiert ginn. Ausserdeem ass et och esou, datt d'Famill och nëmmen op déi biologesch Famill reduzéiert gëtt."
E Regroupement familial ass keng gënschteg Affär, mä kann e puer Dausend Euro deier sinn. Dofir fuerdert d’Mënscherechtskommissioun, datt d'Leit vum Staat eng finanziell Hëllef kréien, déi déi concernéiert Persounen zeréckbezuelen.
De ganze Rapport mat weidere Recommandatioune fannt Dir um Site vun der consultativer Mënscherechtskommissioun.
Ursula von der Leyen - Mat der Tierkei, wat d'Flüchtlingen ugeet, nees op e gréngen Zweig kommen