
Traditionell zitt et op Ouschterméindeg vill Leit an d'Stad oder op Nouspelt. Dat fir natierlech e Péckvillchen ze kafen. Wéi och schonn d'lescht Joer ass dat awer net méiglech. Virum Ecran an der Stuff kann een awer e bëssen Eemaischen-Atmosphäre hunn an de Péckvillchen online kafen.
RTL-Artikel: Péckvillercher 2021: Nei Superjhemp-Figur "Lamaïschen" Eréischt zwee Mol huet d'Eemaischen virun der Pandemie missen annuléiert ginn. Emol 1870 wärend dem däitsch-franséische Krich an 1918, wéi d'Haaptstad bombardéiert gouf.
An elo ass et dann déi véierte Kéier.
LINK: An der Boîte à archives weise mir Iech dës Kéier Biller vun der Eemaischen aus de 50er Joren.
