Eng Nisch, déi d’Ekonomie diversifizéiere soll. Eng 80 Entreprisen a Start-up-Gesellschafte si mëttlerweil zu Lëtzebuerg baséiert. All Joer gëtt an deem Kader d’"Space Resources Week” organiséiert. Participanten aus aller Welt, och vun der amerikanescher Raumfaartagence NASA, fannen dofir hire Wee bis op Lëtzebuerg.
Lëtzebuerg well säi Foussofdrock am Weltall hannerloossen. Esou wäert zum Beispill Enn dës Joers den éischte Lëtzebuerger Rover um Mound seng Analyse sammelen an d’Informatiounen un Agencen ewéi d’ESA oder d’NASA verschécke fir d’Analysen. De Roboter gouf quasi komplett zu Lëtzebuerg hiergestallt. D’Dr. Kathryn Hadler, Direktesch vum European Space Resources Innovation Center, deen zu Lëtzebuerg baséiert ass, gesäit grousst Potential fir Lëtzebuerg:
“D’Firmen, déi op Lëtzebuerg kommen, kommen, well ëmmer méi Entreprise sech hei scho niddergelooss hunn. Mir hunn e gudden Ekosystem am Grand-Duché, mat vill Savoir-faire an Aktivitéit. Vill Firme sichen no Investisseuren, no finanziellen Hëllefen. Mir hunn alt en intressanten Start-up Support System, deen d’Firmen 2 Joer ënnerstëtzt. Duerno musse se kommerziell fonctionéieren, respektiv mat Aiden vun den Agencen.”
1.500 Leit schaffen zu Lëtzebuerg an dësem Beräich. Fir eng Rëtsch vun hinnen ass d’Space Resources Week um Kierchbierg e wichtegen Austausch.

De Programm “Explore2040" vun der ESA, der europäescher Weltraumorganisatioun, soll ënner anerem de Mënsch op déi éischt Rees op de Mars preparéieren. Besonnesch dofir sinn d‘Ressourcen um Mound och scho mëttelfristeg wichteg, erkläert den ESA-Astronaut, Matthias Maurer:
“Mëttlerweil wësse mer, datt et um Mount och Waasser-Ressourcen am Polar Beräich gëtt. Do sinn d’Apollo-Astronauten an de 70er Joren net hikomm. An der Zukunft wëlle mer dohi fléien an dës Ressourcen notzen. Dat Waasser-Eis, eng ganz wichteg Saach, kënne mer opsplécken a Waasser a Sauerstoff eraushuelen. Aus den Inhalter kann een och Sprit fir Rakéite produzéieren. Domat kéint een de Mound zu enger Tankstell maachen, fir méi wäit an de Weltall ze fléien.”
Och Satellitte kéinten esou méi laang funktionell am All “orbiten” a betankt ginn. Gläichzäiteg géif och de Weltraumschrott esou weider limitéiert ginn. Deen ass iwwert déi lescht 2 Joerzéngten zu engem grousse Problem ginn, esou d’Dr. Aarti Holla-Maini, Direktesch vun der UNOOSA, dem Büro vun de Vereenten Natiounen fir Weltraumfroen:
“D’Quantitéit u Knascht am Weltall ass Wansinn. An d’Situatioun gëtt definitiv net besser. Mir hu Milliounen Dollar an Technologie investéiert, déi am Weltall flitt a vum Offall kéint beschiedegt ginn. Et si Satellitten, déi eis Kommunikatioun, eis Navigatioun, eis Recherche garantéieren. Mir kämpfe géint eng Klimakris. Mir wiere bei wäitem net esou wäit an eiser Recherche ouni d’Hëllef vu Satellittebiller. Dofir musse mer d’Produktioun vun Offall am Weltall dréngend besser kontrolléieren.”
D’Exploitatioun vun de Ressource vum Südpol vum Mount kéint an den nächste Joerzéngten zur Realitéit ginn. An och Lëtzebuerg kéint enges Daags Deel dovu sinn.
De komplette Protramm vun der “Luxembourg Space Resources Week”