Weltklimakonferenz"Och mir sinn enttäuscht", esou d'Joëlle Welfring

RTL Lëtzebuerg
Mir hunn eis méi ferm Wierder am Ofkommes erwaart, fir fossil Energie auszeschléissen, sot d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring am RTL-Moiesjournal.

Gutt wier, datt den Accord vun zejoert net weider verwässert ginn ass. Mam neie Kompensatiounsfong wier awer en neit Kapitel opgeschloe ginn. Nei wier nämlech, datt dee Fong, nieft den industrielle Länner, och fir aner Donateuren opgemaach gouf, virop fir Länner, déi sech eréischt an de leschte Joren entwéckelt hunn, an datt elo méi cibléiert kéint investéiert ginn.

Sécher wier, datt den Accord, deen op der Weltklimakonferenz tëscht gutt 200 Länner fonnt gouf, net wäit genuch geet.

National hätt Lëtzebuerg sech awer Näischt ze reprochéieren an och op europäeschem Niveau géif Villes gemaach ginn, ënnersträicht d’Ëmweltministesch Welfring.

De kompletten Interview mam Joëlle Welfring

COP27: EU enttäuscht iwwert den Accord vun der Weltklimakonferenz
Macron annoncéiert Klima-Sommet 2023 zu Paräis

Back to Top
CIM LOGO