Onnéideg KäschtenOffall, dee laanscht Stroosse fonnt gëtt, kascht ronn 1,2 Milliounen d'Joer
Vun deem Montant ginn d'Ponts et Chaussées aus. An där Zomm dra si Personalkäschten a Fraise fir de Knascht, deen duerch de Littering ufält, ze entsuergen.
Den Aarbechtsopwand fir d'Stroossebauverwaltung ass mat bis zu 252.000 Aarbechtsstonnen iwwer déi läscht 6 Joer verdeelt enorm.
Littering / Reportage Roy Grotz
Dat äntweren déi gréng Ministeren Dieschbourg a Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen.
PDF: Äntwert vum François Bausch a Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen