Reunioun um MéindegnomëttenOGBL an LCGB koume mat der Direktioun vu Luxair beieneen

Christophe Hochard
Et geet em 1.200 Aarbechtsplazen beim Cargozenter.
© Christophe Hochard

D’Luxair Direktioun hat ugangs August matgedeelt, datt si den Handling vum Cargo net méi maache wéilten. D’Cargolux ass ee vun dräi méiglechen Interessenten, fir d’Lizenz vun dëser Aarbecht ze kréien.

D’Direktioun vu lux-Airport hëlt um Enn d’Decisioun, wiem si des Lizenz gëtt. D’Gewerkschafte verlaange Garantië fir déi concernéiert Aarbechter.

Bei der Reunioun mat de Gewerkschaften a Luxair war kee Representant vun der Cargolux dobäi. Dofir war d’Reunioun zu Mënsbech a net bei der Cargolux.
Et wier ee kee Schrack weiderkomm. Als nächst gëtt eng Reunioun d’urgence mam Minister gefrot a weider gewerkschaftlech Aktioune wäerte geplangt ginn.

Back to Top
CIM LOGO