Kee Social Media bis 16 Joer?Okaju fuerdert streng Alterslimitte beim Smartphone an den Ecranen

Claude Zeimetz
Mat der Diskussioun ronderëm den Chatbot Grok vun X ass och d'Theema vu engem Social-Media-Verbuet fir Jugendlecher nees an der Debatt.
© Rasit Aydogan / Anadolou Agency via AFP

Ganz aktuell ass den Chatbot Grok vun X an der Diskussioun, well mat dëser kënschtlecher Intelligenz och kannerpornographesch Biller generéiert goufen. Ma d’Diskussioun iwwert d’Protektioun vu Mannerjäregen am Internet mat contraignanten Altersverifikatioune gouf spéitstens Enn zejoert scho lancéiert, wéi Australien als éischt Land weltwäit Social-Media-Plattforme fir all Jonker ënner 16 Joer verbueden huet. Lëtzebuerg setzt idealerweis op eng europäesch Léisung, verschléisst sech awer antëscht och net méi, eleng den Accès fir Jugendlecher ze limitéieren. Fir den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher gëtt et op alle Fall héich Zäit, datt de Staat Verantwortung iwwerhëlt.

Okaju zu Social-Media-Verbuet ënner 16 Joer / Reportage Claude Zeimetz

D’Politik misst d’Kanner an déi Jonk virun de manifeste Geforen am Internet schützen, betount de Charel Schmit. An dat iwwer Verbueter. E strikt Ecransverbuet bis 3 Joer, keen eegene Smartphone ënner 15 an e Mindestalter vu 16 Joer, fir ouni elterlech Kontroll Social Media ze benotzen. Bis dohinner sollte Jonker beschtefalls just Handyen hunn, mat deenen een nëmmen telefonéiere kann, fënnt den Okaju.

“Verbueter ass awer ganz wichteg, fir de Message richteg ze setzen an och datt sozial Norme sech veränneren. Dat, wat mer haut hunn, dat ass en onageschränkte fräien Zougang zu Inhalter, déi net gutt sinn, déi net altersentspriechend sinn, déi ongefiltert sinn an et ass wichteg, datt mer do am Fong d’Kéier kréien.”

Natierlech sinn hei d’Elteren an der Verantwortung, mä fir wierklech eppes ze bewierken, misst de Staat d’Plattformen ee fir alle mol reguléieren, betount den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, fir deen Australien kloer en Trendsetter ass. Lëtzebuerg kéint an der EU zum Beispill bei der Ausaarbechtung vun technesche Léisunge mat vir bei sinn.

“Lëtzebuerg huet awer och selwer Acteuren, déi sech beispillsweis op der Finanzplaz néiergelooss hunn. Och déi ganz Porno-Industrie, déi mer mussen an de Grëff kréien, déi vill méi an d’Verantwortung misst geholl ginn. A grad ass Lëtzebuerg gefuerdert fir déi Altersverifikatioun séier ëmzesetzen.”

De Centre des technologies et de le l’information de l’Etat wier den Aussoe vun der Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin no all Zäit prett, fir bei der Entwécklung vu sou enger App matzewierken. Eng gesetzlech Basis heifir gëtt et fir den Ament awer nach net.

Wéi déi Jonk selwer d’Thematik gesinn, beliichte mer an engem weidere Reportage. An e Freideg de Moie kënnt Dir eis Är Meenung soen zu engem Social-Media-Verbuet an der Emissioun “Dir hutt d’Wuert soen”.


Méi Artikelen zum Theema:


Back to Top
CIM LOGO