An der Nuecht op e SamschdegOnbekannter spraye Graffiti op der Spillplaz zu Kielen

RTL Lëtzebuerg
Op Fotoen ass ze gesinn, wéi ënnert anerem d'Rutschban an ee Kloterhaische mat Graffiti besprayt gi sinn.

Iwwer Facebook huet d’Gemeng Kielen e Méindeg de Moie matgedeelt, datt an der Nuecht op e Samschdeg Onbekannter hiert Onwiesen op der Spillplaz “Kielener Gare” gedriwwen hunn. Op Fotoen ass nieft der Signatur “Deep” och e Graffiti vun engem Hakekräiz a vu männleche Geschlechtsdeeler ze gesinn.

D’Gemeng wéilt juristesch Schrëtter aleeden a weist dorop hin, datt fir esou Doten eng Fräiheetsstrof tëscht aacht Deeg an engem Joer, wéi och eng Amende tëscht 251 a 5.000 Euro fälleg kéinte ginn.

Eventuell Zeie solle sech um Policebüro Capellen/Stengefort ënnert der Nummer (+352) 244 30 - 1000 mellen oder dem 113 uruffen. Infoen zu den Täter oder zum geneeën Zäitpunkt vun der Dot si wëllkomm.

Back to Top
CIM LOGO