
D’Informatioun vum Onlinemagazin Reporter gouf confirméiert duerch d’Publikatioun vun der Ausschreiwung am europäeschen Regëster vun de Marchés publics. De Gesondheetsministère hat an der zoustänneger Chamberkommissioun uginn, PWC wier fir d’Impfcampagne zoustänneg.
Reporter hat Ufanks der Woch geschriwwen d’Regierung gräift bei der Impfcampagne a bei de Massentester zu engem groussen Deel op privat Déngschtleeschter. Wie fir wat responsabel ass, wier fir d’Ëffentlechkeet net kloer. Donieft géing d’Regierung Milliounen Euroen ausginn, ouni Rechenschaft ofzeleeën, wéi déi ëffentlech Gelder benotzt ginn.
