Wéi et vun der Police heescht, hätt den Automobilist, deen op der rietser Spuer ënnerwee war, de Stau viru sech ze spéit gesinn an ass engem Camion hannendrop gefuer. Hien huet missen aus dem Gefier erausgeschnidde ginn a koum mat schwéiere Blessuren an d'Spidol.