Kritik um AlarmsystemOppositioun verlaangt onofhängeg Etüd no den Iwwerschwemmungen

RTL Lëtzebuerg
All d'Oppositiounsparteie fuerderen no der Naturkatastroph vum 14. Juli eng onofhängeg extern Etüd.
© RTL

D'offiziell Warnung um 17 Auer nomëttes de 14. Juli hätt, wéi et schéngt, d'Populatioun net erreecht, sou d'CSV, d'adr, d'Piraten an déi Lénk an engem Bréif un de Chamberpresident e Mëttwoch. Ofgesinn dovunner, datt den europäeschen Alarmsystem fir Iwwerschwemmunge scho 5 Deeg virdrun op d'Probabilitéit vu schwéieren Iwwerschwemmungen higewisen hat.

Der Oppositioun no misst dowéinst de Floss vun Informatiounen analyséiert an evaluéiert ginn, mä awer och d'Ursaache fir esou een eventuelle Manktem an Zukunft kënnen ze behiewen.

D'Etüd soll ënnert anerem Folgendes beliichten: Wéi a wéini sinn d'Informatiounen un d'Regierung komm, da vun der Regierung un d'Gemengen, un d'Medien, un d'Bevëlkerung an un d'Rettungsdéngschter. Donieft soll d'Chronologie gemaach gi vum Asaz vun de Rettungsdéngschter an de Manktem vum Warnsystem „GouvAlert" gekuckt ginn.

Oppositioun verlaangt onofhängeg Etüd / Rep. Fränu Aulner

Back to Top
CIM LOGO