Rout-Kräiz preparéiert sechOpruff, fir Blutt ze spenden; Speziell Moossname bei Help

RTL Lëtzebuerg
D'Personal vun Help, wat haaptsächlech bei eeler a krank Leit heem geet, ass speziell op de Coronavirus preparéiert
Opruff vum Roude Kräiz: Leit solle weider Blutt spende goen
D’Reserve wäre wéi gewinnt ëm dës Joreszäit no der Grippesaison relativ dënn.

Dofir ass vum roude Kräiz den Appell un d’Leit, onbedéngt weider Blutt spenden ze kommen. D’Reserve wäre wéi ëmmer ëm dës Joreszäit nom laange Wanter an der Grippeperiod, op den ënneschte Limitten, dat heescht fir 9 bis 10 Deeg.  Dr Andrée HEINRICY - zoustänneg fir d’Prelevementer:Mir encouragéiere wierklech all d’Spender, fir Blutt spenden ze kommen. Och grad elo nach, wou vläicht net esou vill Leit krank sinn. Et ass ganz kloer, hei stécht kee sech speziell mam Virus un. Bei eis si lauter gesond Leit, mir sinn net an enger Klinik hei, bei eis komme Leit, déi krank sinn, d’office net.  

Leit déi an de leschten 28 Deeg a Risikogebidder vum Covid-19 waren oder a Kontakt mat Kranken haten oder selwer krank sinn, kommen den Ament allerdéngs net fir eng Spend a Fro. Dës Informatioune ginn och am Virfeld nach emol  iwwerpréift. Eng Analyse, ob de Virus am Blutt ass, gëtt et den Ament allerdéngs net.

Dr Andrée Heinricy: Et ass och net nogewisen, dass eng Infektioun vun engem Virus, deen haaptsächlech iwwer d’Otemweeër geet, sech och iwwer d’Blutt kann iwwerdroen. Well et awer net komplett ausgeschloss ass, maache mir natierlech déi Questionnaire bei de Leit a mir encouragéiere se och, wa se an de Wochen nodeem se gespent hunn, eis géife Bescheed soen, fir datt mer dann eventuell déi néideg Mesurë kënnen huelen. 

Help: Desinfektiounsmëttel an all Auto

Nieft de Bluttspenden huet d’Rout Kräiz jo eng Rei aner Servicer, wou fragil oder bedierfteg Leit betreit ginn. Hei géif ee sech un d’Recommandatioune vun der Santé halen.

Vincent RUCK-HECHENBERGER - zoustänneg fir d’Kommunikatioun:Se laver les mains, avoir les bons gestes, faire attention... pour limiter les éventuels contacts qui pourront être gênants ou des contaminations. Pour le moment il n’y a aucun problème qui s’est fait. 

Eng zousätzlech Moossnam gëtt et am Kader vum Service Help, wou d’Clienten, déi doheem betreit ginn, och mol bei den Dokter oder an de Buttek gefouert ginn.

Vincent RUCK-HECHENBERGER:Et dans ce cas-là petite règle qui demande à l’infirmier en charge de procéder à une petite désinfection de la voiture avec des lingettes. C’est quelque chose de très simple, mais qui permet de s’assurer qu’il n’y aura pas de virus ou d’agents pathogènes dans la voiture pour la prochaine personne transportée. 

Allgemeng wier een amgaangen, sech esou opzestellen, dass all d’Servicer och am Fall vun engem méi groussen Ausbroch vun der Pandemie weider kéinten assuréiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO