Mat PublicOuschtermass zu Stroossen an der Corona-Zäit

Christophe Hochard
Wéinst der Pandemie däerf nëmmen d'Hallschent vum Chouer vun der Stroossener Por um Duxall aktiv sinn.
Ouschtermass
Wéinst der Pandemie däerf nëmmen d'Hallschent vum Chouer vun der Stroossener Por um Duxall aktiv sinn.

Op Distanz a mat Mask gëtt gesongen.

Schonn eng Stonn virun der Mass war de Chouer do, fir déi eenzel Lidder nach eemol anzetrainéieren. Prouwe si jo wéinst dem Covid-19 den Ament net erlaabt. Dat mécht déi ganz Aarbecht net méi einfach.

Zanter 7 Joer ass de Paul Goerens Paschtouer an der Por zu Bartreng/Stroossen. Et war déi éischten Ouschtermass mat Publik. D'lescht Joer Ouschtere war dëst verbueden.

D'Leit déi op Ouschteren an d'Mass koumen, hu sech missen am Virfeld umellen. Si goufen op eng Lëscht geschriwwen an hunn eng fest Plaz an der Kierch kritt. D'Famillje konnte beieneesëtze bleiwen. Anerer hu missen Distanz halen.

Back to Top
CIM LOGO