
Dat wëssen zanter en Donneschdeg de Moien 3 Beschëllegt vun tëscht 25 an 58 Joer, déi sech dowéinst um Stater Geriicht ze veräntweren haten. A fir déi de Vertrieder vum Parquet um Enn zweemol 6 an eemol 9 Méint Prisong gefrot huet.
Am Abrëll 2017 haten e Brudder an eng Schwëster an enger Verkéiersaffär um Stater Geriicht eng Falschausso zu Gonschte vun engem Kolleeg gemaach. D'Geschwëster haten ausgesot, dass ee vun hinne wär op engem bestëmmten Dag mam Auto gefuer an net de Kolleeg, deen dee Moment kee Führerschäin hat.
Dee Mann huet en Donneschdeg de Moien erkläert, op der Aire de Capellen um Wee fir op d'Aarbecht ugehale gouf. Aus Angscht hätt hie gesot, wéi hie viru Geriicht koum, hien hätt zwee Zeien, dass net hien hannert dem Steier souz! Hien hätt d'Geschwëster du gefrot, an deem Sënn auszesoen. Hien hätt kee forcéiert an hinnen näischt ugebueden, fir dat op sech ze huelen. Woubäi hie kengem eppes zu Leeds gedoen hätt. D'Schwëster sot, si an hire Brudder hätte sech näischt Schlechtes dobäi geduecht, wouropshin de President vum Geriicht betount huet: „Et täuscht een d'Justiz domat! Dat gëtt haart bestrooft!" De Brudder huet deklaréiert, an dës Affär erageroden a beaflosst ginn ze sinn. De Riichter huet dozou gemengt: „Wat heescht dat? Et freet een Iech eppes, an da maacht Dir dat?"
Dem Affekot vun de Geschwëster no wären déi komplett dépasséiert vun dëser Affär. Fir de Me Patrick Luciani si Brudder a Schwëster sou naiv, dass se net wossten, wat et heesche kéint, d'Wourecht net ze soen. Si hätten awer séier zouginn, gelunn ze hunn, a keng Intentioun gehat, fir d'Justiz ze beducksen. De Kolleeg, e Bekannte vun der Famill, hätt d'Geschwëster gefrot, fir déi Ausso ze maachen, an et hätt keng Conterpartie dofir ginn. Well Brudder a Schwëster keng Virgeschicht hunn, sollt just eng Geldstrof gesprach ginn.
Op dee Wee ass de Vertrieder vum Parquet awer net matgaangen. Wuel hätt de Kolleeg d'Geschwëster erageridden, seng Verantwortung missen iwwerhuelen an hätte Brudder a Schwëster, nodeems hir Falschausso aktéiert war, d'Wourecht gesot, da wären nawell d'Falschausso an d'Zeiebeaflossung zeréckzebehale ginn. Woufir eben eng fest Prisongsstrof sollt gesprach ginn.
D'Urteel ass fir den 30. Januar.