Reproche vu Prise illégale d'interêts, Verontreiung vun ëffentleche Gelder a FauxParquet freet véier Joer Prisong mat integralem Sursis fir de Roberto Traversini

Diana Hoffmann
De fréieren Deputé-Maire Roberto Traversini muss sech aktuell wéinst dem Reproche vun der Prise illégale d'interêts, der Verontreiung vun ëffentleche Gelder a Faux virum Stater Geriicht veräntwerten.
De Roberto Traversini um éischte Prozessdag
© RTL

A sengem Requisitoire huet de Parquet eng Prisongsstrof vu 4 Joer mat integralem Sursis fir den Ugeklote gefrot. Doriwwer eraus freet de Procureur, datt de fréiere Politiker bannt 5 Joer keng politesch Ämter méi soll dierfen unhuelen.

Fir d’Partnerin vum Roberto Traversini, gouf eng Geldstrof gefrot. Hir gëtt reprochéiert, an engem Punkt Kompliz vum Roberto Traversini gewiescht ze sinn. Fir e fréiere Gemengebeamten, deem dee selwechte Reproche bei engem anere Punkt gemaach gouf, gouf dann e Fräisproch gefrot.

De Prozess dauert nach bis e Mëttwoch de Mëtteg a geet e Méindeg weider, mat de Plaidoirie vun den Affekoten.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO