
Eng Persoun huet e Samschdeg den Owend géint 18.40 Auer en Accident zu Bieles an der Route d’Esch gemellt an de Verdacht geäussert, dass déi Persoun, déi d’Kollisioun verursaacht huet, Alkohol consomméiert hätt. Wéi dee Chauffer engem aneren Auto hannendrop gefuer ass, wiere sech béid Automobilisten eens gewiescht, e puer Meter weider bei enger Tankstell ze halen alles ze klären. Sou wäit ass et awer net komm. Obwuel de Mann zougestëmmt hat, ass hien einfach weidergefuer.
Géint 20.30 Auer konnt d’Gefier op engem Parking zu Nidderkuer ugetraff ginn. Wéi d’Police schreift, stoung de Mann offensichtlech ënner Alkoholafloss an hat säin Auto géint e Fiels gesteiert. Beim Alkoholtest koum eraus, dass den erlaabten Héchstwäert ëm bal dat Duebelt iwwerschratt gouf.
De Mann huet d’Beamte beleidegt, refuséiert, aus dem Auto ze klammen, huet ëm sech geschloen an dunn e Schrauwenzéier aus der Händschekëscht erausgeholl. Well sech den Automobilist net wollt berouege loossen an eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum hien an de Passage-Arrest.
Zwou gréisser Alkoholkontrollen: 2 Fürerschäiner fort
Op Uerder vum Parquet hunn an der Nuecht op e Sonndeg tëscht 23 Auer owes an 3 Auer moies Chauffere missen zu Esch/Uelzecht um Boulevard Charles de Gaulle an an der Rue de Luxembourg blosen. 108 Persoune goufe kontrolléiert, a fënnef Fäll war d’Resultat positiv. Zwee Permise goufen agezunn.
Eng Persoun hat versicht, der Alkoholkontroll z’entkommen an ass a Richtung Rue Sydney Thomas geflücht. Do ass d’Gefier vun der Fuerbunn ofkomm an accidentéiert. Déi véier Leit, déi am Won souzen, hu sech doropshi séier duerch d’Bascht gemaach, konnten awer vun der Police fonnt ginn. Beim Auto konnt en Totalschued festgestallt ginn, eng Persoun gouf liicht blesséiert. Den Alkoholtest vum Chauffer war positiv. Hie krut e provisorescht Fuerverbuet.
Da mellt d’Police weider Verkéiersaccidenter, bei deenen Alkohol am Spill war. Dat war zu Diddeleng, Gaasperech a Schwéidsbeng de Fall. Dräi Persounen hunn hire Fürerschäi missen ofginn.