Regroupement familial Passerell huet kloer Fuerderungen un de Minister Gloden

Claudia Kollwelter
"D’Erklärunge vum Minister Gloden ginn eis net duer!" Dat seet d’ASBL Passerelle, déi sech hei am Land fir d'Rechter vun Asyldemandeuren asetzt. A Punkto Regroupement familial géif net just de legalen Delai net agehale ginn, et géife keng valabel Argumenter benotzt ginn an och Detailer bei de Chiffere feelen.
© RTL Grafik

De 17. November 2026 hunn eng Rei Associatiounen a betraffe Persoune virun der Generaldirektioun fir Immigratioun zu Lëtzebuerg demonstréiert, fir op déi grouss Schwieregkeete bei der Familljenzesummeféierung opmierksam ze maachen. Si fuerderen, datt den Delai vun néng Méint fir d'Beaarbechtung vun den Demanden, dee gesetzlech virgesinn ass, agehale gëtt. De selwechten Dag huet den Inneministère Zuelen zu den Delaie verëffentlecht a probéiert, déi 2022 agefouert Restriktiounen ze rechtfäerdegen. Dem Ministère no läit déi duerchschnëttlech Beaarbechtungszäit aktuell bei 15 Méint, obwuel gesetzlech nëmmen néng Méint virgesi sinn. Zousätzlech waarden nach 2.040 Persounen op eng Decisioun. D'Associatioune kritiséieren awer, datt dës Zuelen net weisen, wéi laang déi eenzel Famillje schonn op eng Äntwert waarden.

D'Direktesch vu Passerell, d'Anke Vandereet, stellt ënner anerem d'Fro, ob déi laang Waardezäiten op e Manktem u Personal zeréckzeféieren sinn oder ob et aner Grënn gëtt. Och bei deenen 2.040 Persounen, déi op eng Decisioun waarden, bleift onkloer, ob et sech ëm eenzel Demanden, Persoune mat Schutzstatus oder ëm Familljememberen handelt, déi am Ausland op d'Reunifikatioun waarden.

D'Iwwerlaaschtung vun den Opnamestrukturen ass keng Rechtfäerdegung

De Ministère erkläert déi bestoend Restriktiounen, déi am Joer 2022 agefouert goufen, weiderhin duerch d'Iwwerlaaschtung vun de Strukture vum Office national de l'accueil (ONA). D'Passerelle hält dogéint, datt d'Problemer bei den Opnamestrukturen net op Käschte vun der Familljenzesummeféierung geléist dierfe ginn. D'Opnam vu Persounen, déi Schutz brauchen, an d'Recht op Familljeliewe wieren zwou verschidde Saachen. D'Recht, vu senger Famill begleet ze ginn, gëllt net nëmme fir Persoune mat internationale Schutzstatus, mee ass och fir aner Bierger aus Drëttstaaten an europäesch Bierger gesetzlech geschützt. Organisatoresch Schwieregkeete kënnen hirer Meenung no keng dauerhaft Aschränkunge vun dësem fundamentale Recht rechtfäerdegen.

Laang Waardezäite mat schwéiere psychesche Konsequenzen

Virun allem déi mënschlech Konsequenze vun dëse laange Waardezäite maachen der ASBL grouss Suergen. Passerelle mécht drop opmierksam, datt déi laang Ongewëssheet, d'Feele vu kloren Informatiounen an d'Angscht ëm déi getrennt Familljememberen eng grouss psychesch Belaaschtung fir déi Betraffen duerstellen. Der Direktesch no géife vill Persoune staark ënnert dëser Situatioun leiden a si wéist vu Fäll, an deenen d'Betraffe souguer u Suizid denken. Hannert all Demande stinn nämlech Mënschen, Kanner, Elteren a Familljememberen, déi dacks zënter laanger Zäit vunenee getrennt sinn an net wëssen, wéini si nees zesumme kënne sinn.

Méi streng Restriktiounen och op europäeschem Niveau?

Zousätzlech weist d'Associatioun Passerell op d'Politik vum Inneminister Léon Gloden hin. De Gesetzesprojet 8586 gesäit méi streng Konditioune fir d'Familljenzesummeféierung vir. Donieft huet de Minister den 13. November zesumme mat aacht aneren europäesche Ministeren e Bréif un d'Europäesch Kommissioun ënnerschriwwen, an deem eng Reform vun der europäescher Direktiv zum Regroupement familial gefuerdert gëtt, déi weider Restriktioune kéint erméiglechen. D'Associatioun kritiséiert dës Entwécklung a betount, datt d'Familljenzesummeféierung keng Gnod vun den Autoritéiten, mee e fundamentaalt Recht ass.

Passerell fuerdere Gespréicher a konkret Äntwerten

Passerell wëll en Austausch mam Inneministère an der Generaldirektioun fir d'Immigratioun, fir méi genee Informatiounen iwwer d'Delaie bei den Demanden, déi 2.040 Persounen op der Waardelëscht an d'Grënn fir déi bestoend national an europäesch Restriktiounen ze kréien. Si wëllen ënner anerem wëssen, wéi vill Famillje betraff sinn, wéi laang si schonn op eng Decisioun waarden a wéi eng konkret Auswierkungen déi geplangte Restriktiounen op hir Rechter hunn. D'Famillje kéinten net onbestëmmt laang op eng Decisioun waarden, wärend d'Ongewëssheet an d'Trennung fir vill Betraffener eng ëmmer méi grouss psychesch Belaaschtung duerstelle géif.

Si fuerderen d'Regierung op, déi gesetzlech Frist vun néng Méint anzehalen an déi restriktiv Politik souwuel zu Lëtzebuerg wéi och op europäeschem Niveau ze iwwerdenken.

De 7. Dezember hu si eng Entrevue mam Minister Gloden.

Back to Top
CIM LOGO