Dat seet de Patrick Dury. D’Industrie hätt dat verstanen an hie géing hoffen, datt d’Cargolux dat och geschwë versteet. Den LCGB-President huet a senger Ried fir den 1. Mee also kloer Wieder fonnt, nodeems d’Direktioun vun der Cargolux d’Conciliatioun mat de Gewerkschafte refuséiert huet. De Patrick Dury huet virun engem Sozialkonflikt mat “alle Konsequenze” gewarnt.
Eng 1.300 Leit hunn hire Wee op d’Réimecher Esplanade fonnt, fir der Ried vum LCGB-President nozelauschteren, dorënner den DP-Premierminister Xavier Bettel, de grénge Vizepremier François Bausch, d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden.
De Chef vum Chrëschtleche Gewerkschaftsbond huet da strukturell Problemer ugeschwat, besonnesch beim Logement an am Gesondheetswiesen. Hei fuerdert de Patrick Dury näischt aneres wéi eng komplett nei Strukturéierung vun der Gesondheetskeess, déi a sengen Aen net ze reforméieren ass. D’Gesondheets- a Sozial Sécherheetspolitik huet den LCGB-President mat de Wierder “Planwirtschaft” a “sozialistesch Ideologien” beschriwwen an dësen Opruff gemaach: “Komeroden, Dir musst endlech aus Äre lénken Dreem erwächen”.
Wat de Logement ugeet, hätt d’Politik hei d’Entwécklung net nëmmen an de leschte Jore verschlof, mee och carrement déi falsch Decisiounen op de Wee bruecht.
Patrick Dury: “An der Logik vun eiser Maartwirtschaft muss een am Fong d’Offer massiv eropsetzen, fir der Demande gerecht ze ginn an d’Präisser an d’Loyeren net komplett derapéieren ze loossen. Dat heescht och, datt een e Klima schaaft, wou an de Logement investéiert gëtt an de Staat dës Politik dann och mat Strukturen ewéi dem Fonds de Logement mat begleet. Allerdéngs muss den zoustännege Minister sech soe loossen, datt d’Akzenter, déi hei an de leschte Gesetzestexter stinn, net an dës Richtung ginn. D’Zënspolitik vun der europäescher Zentralbank verschlëmmert dat ganzt nach méi, well d’Prêt immobilier ëmmer méi deier ginn.”
Dat hätt als Konsequenz, datt manner Prêten ugefrot an accordéiert ginn, an deementspriechend och manner gebaut gëtt. An elo kéint ee scho gesinn, datt d’Loyeren um Klamme sinn. Den LCGB fuerdert, datt abordabele Wunnraum besonnesch fir jonk Familljen hei am Land kreéiert gëtt.
Den LCGB fuerdert fir d’Zukunft, datt d’Salariéen am Privatsecteur un de Beneficer bedeelegt ginn, eng Steierpolitik déi kleng a mëttel Salairen entlaascht, datt de CDI d’Norm bleift, den Index erhale bleift, nei Kollektivverträg ausgehandelt ginn an de Mindestloun reegelméisseg ugepasst gëtt. D’Gewerkschaft setzt sech fir eng Diskussioun iwwer nei Aarbechtszäitmodeller an, eng Aarbechtszäitreduktioun misst méiglech ginn. Am Sënn vun der Demokratie misst och d’Walrecht, eventuell souguer d’Walflicht op all d’Bierger erweidert ginn. Et kéint een net zefridde sinn, wa geschwë just eng Minoritéit iwwert d’Zesummesetzung vun der Chamber decidéiert.
D’wirtschaftlech Konsequenze vum russesche Krich an der Ukrain géingen Erausfuerderunge mat sech bréngen, ma et géing keng Alternativ zu de Sanktioune ginn. De President vum LCGB huet och op d’Efforte vu Russland higewisen, fir populistesch an extremistesch Politiker am Westen z’ënnerstëtzen. Souguer zu Lëtzebuerg géing et Parteie ginn, déi d’gesellschaftlech Entwécklung a Fro stelle géingen, sou de Patrick Dury, ouni se awer mam Numm ze nennen. Dat wier “degoûtant” a misst op d’Schäerfst zréckgewise ginn.
Den Iwwerfall hätt schlëmm Follege fir déi europäesch Ekonomie, d’Aarbechtsplazen an d’Existenze vun de Salariéen gehat. Ëmsou méi frou weist sech d’Gewerkschaft iwwer dat wat se an den Tripartitesaccordeen ausgehandelt kruten.
Den LCGB-President Patrick Dury: “Duerch den Asaz vum LCGB, mat deenen anere Gewerkschaften, hu mir an dësen Accorden en Energiepräisdeckel fir Gas an Elektresch op de Wee bruecht, deen d’Inflatioun staark ofgebremst huet an doduerch substantiell Belaaschtunge fir d’Leit evitéiert.
Duerch den Asaz vum LCGB hunn mir den Index ofgeséchert an Steiertabell deelweis un d’Inflatioun ugepasst an domadder Kafkraaft vun de Salariéen a Rentner net nëmmen ofgeséchert, mee verbessert...
Duerch den Asaz vum LCGB sinn och an dësen Tripartitesaccord’en eng ganz Rei vun Hëllefen fir Betriber virgesinn”.
Dem LCGB seng Fuerderungen ,d’Kafkraaft an d’Existenze vun de Salariéen ofzesécheren, wieren an allen 3 Accorden zum Droe komm.