Invité vun der Redaktioun (21. Januar)Patrick Remakel, President vum SNE

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie war déi nei Aktioun vun der Enseignantsgewerkschaft "#NETesou" Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
© Carine Lemmer

D’Situatioun an eise Grondschoulen ass definitiv net gutt. D’Enseignanten, déi hire Beruff u sech gäre maachen, stoussen un hir Limitten. Dat sot den SNE-President Patrick Remakel e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. D’Leit um Terrain hätten d’Gefill, dass nach ëmmer net wierklech op se gelauschtert gëtt.

D’Situatioun géif sech weider zouspëtzen. Rieds ass vu grave Problemer. Verhalensopfälleg an aggressiv Kanner, wou et der fréier mol 1 - 2 pro Schoul gouf, ginn et der mëttlerweil op d’mannst ee pro Klass. Den Asaz vun der Police oder Ambulanze wier keng Seelenheet méi.
D’Reegelschoul wier fir déi Kanner einfach net méi déi richteg Plaz, seet de Syndikat-President. Dat misst een eben och am Sënn vun der Inclusioun gesinn. Et wéilt ee keen ausschléissen, mee et géif drëms goen, deene Concernéierten déi Hëllef ze ginn, déi se brauchen an dat kréie se net an der normaler Schoul.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Remakel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO