
Hei waren de Gerant vum Bistro an ee vun senge Mataarbechter unenee geroden. De Bouf vum Patron ass sengem Papp zu Hëllef komm. Et koum tëscht den 3 Persoune zu Handgräiflechkeeten, woubäi och Glieser an e Messer an den Asaz koumen. Déi 3 Persoune goufe blesséiert. Den Employé stoung ënner staarkem Alkoholafloss.
D'Spueresécherung vun der Police judiciaire gouf vum Parquet op d'Plaz geschéckt an eng Plainte gouf gemaach.