De Generaldirekter vum CGDIS ass e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Mir kucke mam Paul Schroeder zeréck: wéi vill Asätz goufen et 2025? Wéi eng Zort Asätz ginn am meeschte gefuer? Wéi eng Konklusioune kann een doraus zéien?
No Crans-Montana wëlle mer och gewuer ginn, wat déi gréissten Erausfuerderung ass punkto preventive Brandschutz zu Lëtzebuerg an wéi een d’Leit besser op d’Gefore vum Feier sensibiliséiere kann?
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.