Invité vun der Redaktioun (17. September): Paul ZeimetWandenergie: 77 Anlagen a vill méi Leeschtung

Annick Goerens
En Donneschdeg de Moie waren erneierbar Energien Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Paul Zeimet
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Lëtzebuerger Entreprise Soler fir erneierbar Energië feiert dëst Joer hire 25. Anniversaire. Zanter 2001 huet sech d'Wandenergie staark entwéckelt. Vun deemools néng Wandmillen op haut 59 Anlagen. Am Ganze stinn hei am Land aktuell 77 Wandmillen, vill weiderer sinn am Bau. Gläichzäiteg ass d'Produktioun däitlech geklommen, vun 12 op bal 412 Gigawattstonnen. Déi Entwécklung ass och op ëmmer méi performant Anlagen zeréckzeféieren, erkläert den Direkter Paul Zeimet.

Invité vun der Redaktioun: Paul Zeimet, Direkter vu Soler

Zouversiichtlech dass mer Klimaziler erreechen

Bis 2030 sollen zu Lëtzebuerg iwwer 1.000 Gigawattstonne Stroum aus Wandenergie produzéiert ginn. Dat ass d'Zil, dat am PNEC, dem nationalen Energie- a Klimaplang definéiert gouf. Dëst Joer misst een dem PNEC no op 800 Gigawattstonne sinn, mee realistesch wiere 500 Gigawattstonnen.

Den Direkter Paul Zeimet ass awer zouversiichtlech, datt d'Zil bis 2030 nach erreecht oder souguer iwwerschratt ka ginn. Dofir misst den Ausbau awer méi séier virukommen. Als Haaptproblem fir den Ausbau nennt de Soler-Direkter déi laang Prozeduren, virun allem fir Geneemegungen am Beräich Naturschutz. Do géing een awer nom Energiedësch vun der Regierung scho Fortschrëtter gesinn, duerch de Prinzip "einfach, séier, erneierbar".

Méi Stroumverbrauch an Zukunft

Mat 1.000 Gigawattstonnen kënnen iwwregens ronn 231.000 4-Persoune-Stéit vun 2030 u mat Stroum versuergt ginn. Do géing een da mat enger Moyenne vu 4.500 Kilowattstonne pro Haushalt rechnen. Also schonn däitlech méi, wéi den aktuelle Verbrauch vun 3.500 Kilowattstonnen. D'Nofro no Stroum wäert an den nächste Joren nämlech zouhuelen, ënner anerem duerch Wärmepompelen an Elektroautoen. De PNEC geet tëscht 2025 an 2030 vun enger Hausse vum Stroumverbrauch vu ronn 18 Prozent aus. Gläichzäiteg bleift d'Energiespueren e wichtegen Deel vun der Strategie, sou de Paul Zeimet.

Nei Technologie suerge fir méi Akzeptanz

Grad beim Natur- an Aarteschutz setzt Soler op nei Technologien. Kamerae kënnen zum Beispill Villercher erkennen an eng Wandmillen automatesch stoppen, wa Gefor fir e Vull besteet. Sou eng Anlag hätt een zum Beispill um Karelshaff. Doriwwer eraus hätt een an deene leschte Joren och méi wéi 22 Rotmilanen, also "Schéierschwanzen" mat Senderen equipéiert, fir méi wëssenschaftlech Donnéeën ze sammelen."Wou mer schéi gesinn, wéi se sech verhalen, wa se migréieren, wa se zeréckkommen, ob se an hir Näschter zréckfléien an och erëm Klenger kréien." Dat kéint dann och an nei Geneemegungen erafléissen, fir manner Stoppen ze hu wéinst Aarteschutz. Och beim Kaméidi géingen et streng Krittären hei zu Lëtzebuerg ginn, "mir dierfen nuets net méi wéi 37 dBA op dem äusserste Punkt vun engem PAG emittéieren, dat ass vill méi streng wéi am Ausland."

Méi no un Autobunnen an Industriezonen

Och den Ausbau vu Wandparke méi no bei Stroossen an Industriezone wier elo méiglech. Soler huet och scho konkret Projeten an der Entwécklung. De Virdeel: "Dat hei ass absolutt ee richtege Schrëtt. Méi no bei 'Lärmquellen' ze goen, d'selwecht och wéi Industriezonen. Och do si mer a Projeten drun. Zemools do mécht et Sënn, et ass do, wou de Stroum verbraucht gëtt."

Wandmillen zu Bierden d'nächst Joer

Et géing hei am Land eigentlech ganz wéineg Widderstand géint Wandrieder ginn, erkläert de Paul Zeimet. D'Biergerinitiativ zu Bierden wier éischter eng Ausnam. Déi huet an dräi Volete géint Soler geklot. Bis elo goufen et zwee Urteeler, an deenen d'Entreprise ëmmer Recht krut. Dat lescht Urteel iwwer d'Baugeneemegung wier elo drop an drun, mee och do wier een zouversiichtlech, dass ee géing Recht kréien. "An dann ass alles prett, fir dass d'nächst Joer d'Bauaarbechten uginn an déi Anlag steet bis Enn d'nächst Joer."

Vum Plang bis bei de Bau: vun 9 op manner wéi 4 Joer

Bei verschiddene Projeten huet sech d'Dauer tëscht Iddi a Realisatioun däitlech verkierzt. De Projet zu Eschduerf zum Beispill hätt elo manner wéi véier Joer gebraucht a soll d'nächst Joer a Betrib goen. Fir Soler ass dat en Zeechen, datt d'Prozedure méi séier kënne ginn, ouni dobäi den Naturschutz oder d'Bedenke vun de Leit ze ignoréieren. Am Laf vun dësem Joer ginn zu Lëtzebuerg nach eng Rei nei Wandmillen a Betrib geholl. Soler nennt ënner anerem fënnef Anlagen am Réidener Kanton, eng zu Schieren an eng zu Dippech. Donieft lafen nei Projeten zu Kielen an zu Eschduerf an um Buerer Bierg sollen eeler Anlagen duerch zwou méi performant Anlagen ersat ginn.

Zukunft: Akzeptanz, Netz a Späicher

Fir déi nächst Jore gesäit de Soler-Direkter dräi grouss Erausfuerderungen: d'Akzeptanz bei der Bevëlkerung erhalen, d'Stroumnetz ausbauen a genuch Späicherkapazitéite schafen.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO