
Géint 3.30 Auer war der Police am Clausener Bierg an der Stad en Auto opgefall, deen e puer mol den Trottoir geroden hat an ëm een Hoer just knapps net an den Déngschtwon gerannt ass. De Chauffer gouf kontrolléiert. Hien hat ze vill gedronk. Och wann hie säi Permis net weise konnt, ass deen elo fort. Et gouf Plainte gemaach.
Um 4 Auer war dann en Auto esou séier an der Avenue de la Liberté op der Gare ënnerwee, dass eng Patrull nogefuer war. De Chauffer huet net direkt op d’blo Luuchten an d’Sireene reagéiert. An der Rue Dicks eréischt huet hie stall gehalen. Den Alkoholtest war positiv, de Fürerschäi fort, a well d’Assurance ofgelaf war, gouf och Plainte gemaach.
Kuerz no 5 Auer huet d’Police en Auto mat héijer Vitesse um Glacis begéint. An der Areler Strooss hunn d’Beamte gemierkt, dass et sech warscheinlech ëm eng Course tëscht zwee Autoe géing handelen. Béid Ween goufe kontrolléiert an déi zwee Chaufferen hunn hir Permise missten ofginn.
Géint 6 Auer war en Auto zu Esch um Boulevard J.F. Kennedy am Zickzack ënnerwee. Den Automobilist hat ze déif an d’Glas gekuckt, ewéi d’Police mellt. De Fürerschäi gouf agezunn an et gouf eng Plainte gemaach.
En Abriecher gouf e Samschdeg de Moie fréi zu Beetebuerg in flagranti bei senger Dot erwëscht, konnt sech awer aus der Bascht maachen. De Bewunner vun engem Haus war waakreg ginn, wéi de Brigang d’Fënster an enger Dir ageschloen hat. D’Police krut den Abroch géint 5 Auer gemellt.
Den Abriecher hätt warscheinlech en hellen Teint, e wär ongeféier 1 Meter 80 grouss an hat e Pullover mat enger Kaputz un. D’Spuere goufen op der Plaz geséchert. Och zu Biwer a Kielen goufen e Freideg am Laf vum Dag Abréch gemellt. An deenen zwee Fäll lafen Enquêten.
Wéinst ze vill Kaméidi huet d’Police an der Nuecht op e Samschdeg en Etablissement zu Ettelbréck missten zoumaachen. Dat op Uerder vum Buergermeeschter am Kader vum Artikel 12 vum Policegesetz. E puer Patrullen hu sech un dëser Fermeture bedeelegt. Et wäre vill Leit an der Wiertschaft gewiescht.
E puer Clienten an och de Patron hätten d’ Beamten awer net eragelooss. De Wiert hätt sämtlech Pabeiere vun der Police zerrappt. D’Stëmmung wier äusserst ugespaant gewiescht, schreift d’Police an hirem Bulletin. Fir ze deseskaléieren, wieren d’Beamte fortgefuer.
Elo gëtt et eng Plainte wéinst Kaméidi, Beleidegung vu Beamten, Menacen a Verstéiss géint d’Gesetz fir Wiertschafte gemaach, grad ewéi géint all déi aner Infraktiounen. Ënnert anerem wär nämlech e Pneu vun engem Policewon futti gepickt ginn.
D’Police mellt dann nach zwou Dose weider Fäll vun ze vill Kaméidi a Wunnengen oder Etablissementer. An de meeschte Fäll konnt ee sech nach op der Plaz eens ginn.