Fuerderung vum OGBLPersonal soll sech a grousse Surfacen all 15 Minutten d'Hänn wäsche kënnen

RTL Lëtzebuerg
Tripartite ass ee Krisenelement, wat sech ideal ubitt fir esou Situatioune wéi dës. Dat sot am Mëttesjournal d'Presidentin vum OGBL, d'Nora Back.

Queesch duerch d'Secteure besteet d'Angscht sech unzestiechen. D'Kris ass iwwerall ukomm, sot d'Nora Back RTL géintiwwer am Mëttesjournal. D'Leit géife sech och ganz vill Froe stellen, besonnesch, wat d'Sécherheet ugeet. Do wier et zum Beispill am Secteur vum Commerce an der Alimentatioun d'Fro no der Sécherheetsdistanz, déi sech stellt. Och nom Sécherheetsmaterial. Idem gesäit et am Botzsecteur aus. Eng Fuerderung vum OGBL ass et jo, datt sech d'Personal an de grousse Surfacen all 15 Minutte kéinten d'Hänn wäschen. Vun den ëffentlechen Autoritéite ginn et awer keng weider Precautiounsmesuren. An der Santé ass et nieft de Precautiounsmesuren och d'Angscht, datt d'Frontalieren geschwënn net méi kéinte schaffe kommen, well d'Grenzen dicht gemaach ginn.

Wat de Congé pur raisons familiales ugeet, géif een do gesinn, datt d'Leit domadder ganz raisonnabel géifen ëmgoen. Bei der Kuerzzäitaarbecht wieren et eng 500 Entreprisen, déi eng Demande gestallt hätten, esou d'Nora Back. E Mëttwoch de Muere war de Conjunkturcomité beieneen, allerdéngs leien nach keng nei offiziell Zuele vir. Och wann de Chômage partiel an dësen Zäiten ee Moyen wier, fir d'Entreprisen z'entlaaschten, misst ee bedenken, datt d'Leit dann nëmmen nach 80 Prozent vun hirer Paie kréien. Dat wier virun allem fir déi mat engem klenge Salaire schwéier ze droen.

Back to Top
CIM LOGO