PolicePersoun an der Stad mat Messer blesséiert, Mann no Menacen zu Esch festgeholl

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moien huet sech eng Persoun bei der Police gemellt an uginn, dass si op der Stater Gare mat engem Messer un der Hëft blesséiert gi wier.
© RTL Grafik

D’Police konnt ee Verdächtegen ermëttelen, op deem senger Adress eng Perquisitioun duerchgefouert gouf. Dobäi gouf déi presuméiert Waff séchergestallt. De Verdächtege gouf doropshin op Uerder vum Parquet festgeholl.

D’Police sicht an dësem Zesummenhang no weideren Informatiounen. Wien eppes zum Tëschefall soe kann, ass gebieden, sech bei der Stater Police ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 40 1000 oder per Mail.

Virfall mat Loftdrockpistoul zu Esch
Géint 2 Auer an der Nuecht op en Donneschdeg krut d’Police e Mann gemellt, deen eng aner Persoun an der Rue Caspar-Mathias Spoo zu Esch mat enger Loftdrockpistoul menacéiere géif. Et wieren och Schëss gefall, kengem wier dobäi awer eppes geschitt.

D’Police huet direkt eng Sichaktioun lancéiert a konnt de Verdächtege kuerz drop an engem Wunnhaus untreffen. An där Wunneng gouf eng Schreckschosspistoul, e Loftgewier an e puer Béchse Munitioun séchergestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO