20 Kugele KokainPersoun op Stater Gare wéinst Drogebesëtz festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moien ass der Police eng Persoun op der Gare verdächteg virkomm.

Nodeems de Mann d'Police erbléckst hat, ass hie fortgaangen an huet sech virun hinne verstoppt, ma d'Beamten haten de Verdächtegen awer erëmfonnt.

Bei enger Kierperkontroll koum eraus, dass de Mann 20 Kugele Kokain, Boergeld an en Telefon dobäi hat.

Op Uerder vum Parquet goufen d'Géigestänn saiséiert an de Mann festgeholl. Hie kënnt e Sonndeg de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO