Géint 16.30 Auer e Samschdeg de Mëtteg ass et um Lampertsbierg zu engem Tëschefall mat engem Tram komm, dat an der Allée Scheffer. Wéi de CGDIS op Nofro confirméiert, gouf eng Persoun erfaasst an dobäi liewensgeféierlech blesséiert. Eng Ambulanz, de Samu an de Groupe de support psychologique waren op der Plaz an d’Affer ass an d’Spidol bruecht ginn.
Wéi et zum Accident komm ass, ass am Moment nach net gewosst, der Police no wier awer eng Friemawierkung auszeschléissen.