
De SAMU huet e Freideg géint 18 Auer missen an d’Lëtzebuerger Strooss zu Waasserbëlleg an den Asaz. Do war eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn.
Kuerz virdru waren zwee Ween zu Rëmeleng an der Rue des Martyrs net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf do verwonnt.
An um 17 Auer hat et op engem Chantier zu Esch gebrannt. Blesséierter gouf et do keng.
E Samschdeg koum et géint 10.50 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer um Boulevard F. W. Raiffeisen op der Cloche d’Or. D’Rettungsdéngschter aus der Stad waren am Asaz.
Géint 11 Auer huet sech op der N12 tëscht Tënten a Saeul en Auto iwwerschloen. Op der Plaz waren d’Ambulanz vu Stengefort an d’Pompjeeë vun Tënten.
Bei béiden Accidenter e Samschdeg gouf keng Persoun blesséiert.