Seuil vu 4.500 gepacktPetitiounen iwwer Congé parental an Ettelbrécker Maternité ginn debattéiert

RTL Lëtzebuerg
Zwou ëffentlech Petitiounen hunn online méi wéi 4.500 Ënnerschrëfte gesammelt an dierften domat an der Chamber zur Debatt kommen.
© AFP

D’Petitioun 2301 war den 3. Abrëll agereecht ginn, deen Dag also wéi annoncéiert ginn ass, datt d’Ettelbrécker Maternité géing fir eng Zäit zougoen, a fuerdert eng Maternité an eng Nout-Pediatrie am Norde vum Land. D’Maternité zu Ettelbréck ass mëttlerweil nees op. An där anerer Petitioun Nummer 2332 gëtt gefuerdert, datt de Congé parental vun aktuell 6 op 9 Méint verlängert gëtt.

Eng Petitioun muss an der Chamber debattéiert ginn, wa se méi wéi 4.500 Ënnerschrëfte gesammelt huet. Nom Ofschloss vum Delai gëtt nach d’Gültegkeet vun de Signaturen iwwerpréift.

Back to Top
CIM LOGO