Invité vun der Redaktioun (24. September)Pierre Reding, Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch

Carine Lemmer
Um Donneschdeg de Moien ass den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Iwwermuer Samschdeg ass den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Wat bréngt esou en Dag konkret? A geet d‘Lëtzebuergescht am Alldag net awer heiansdo ënner?

Doriwwer schwätze mer de Moie mam Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, dem Pierre Reding.

D’Lëtzebuergescht soll och am Kontakt mat de Verwaltunge gestäerkt ginn. 

Dat schwätze mer alles live am Interview um 8 Auer.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO