Kommissiounssitzung zum SIGIPirate fuerderen Opklärung iwwer Mëssstänn beim Gemengesyndikat

RTL Lëtzebuerg
An deem Kader huet d'FGFC d’Inneministesch Taina Bofferding an de President vum Syvicol Emile Eicher schonn en Dënschdeg opgefuerdert, Stellung ze huelen.

Nodeems schonn eng Rei Artikelen an der Press iwwer Mëssstänn beim Gemengesyndikat fir déi informatesch Gestioun verëffentlecht goufen, fuerdert e Mëttwoch de Moien och d’Piratepartei Opklärung a Form vun enger Kommissiounssëtzung um Krautmaart zesumme mat der Inneministesch Taina Bofferding.

D’Gemengebeamtegewerkschaft FGFC hat en Dënschdeg an engem Communiqué kritiséiert, dass den Direkter vum SIGI „autokratesch a selbstherrlech” wier an dass trotz de Mëssstänn am Syndiakt - iwwer déi d’Noriichteplattform Reporter eng Rei Artikele publizéiert hat – de Gemengen alles egal wier. D’FGFC hat och d’Inneministesch an de President vum Syvicol Emile Eicher opgefuerdert, Stellung ze huelen. D’Reprochë sinn déi vu Mobbing an engem Klima vun der Angscht. Eleng am leschte Joer hätt de SIGI bal 40 vun 140 Mataarbechter verluer.

Back to Top
CIM LOGO