Import aus DrëttstaatenPlanze si kee Vakanzesouvenir

Diana Hoffmann
D’ASTA warnt, dass Planzen oder planzlech Produiten aus Drëttlänner kënnen zu grousse Schied an der Natur féieren.
© AFP

Et ass Vakanzesaison an e Souvenir aus der Vakanz gehéiert fir vill Leit an d’Gepäck. Wann een aus engem Drëttland areest, also engem Land bausst der Europäescher Unioun, däerf et sech dobäi awer net ëm Planzen oder planzlech Produiten handelen. Dorënner fale Som vu Planzen, Setzlingen a Wuerzelen. Ma och Uebst a Geméis, fir de klengen Honger tëschenduerch oder fir de Kolleegen Doheem ze schmaachen ze ginn, sinn tabu. Grond dofir ass, dass dës kënnen zu grousse Schied an der Natur féieren. “D’Gefor besteet, dass Planzekrankheeten oder Schuedorganisme mat ageschleeft ginn”, seet de Julien Reiners, Pflanzeschutzinspekter bei der Administration des services techniques de l’agriculture (ASTA). Dëst kéint zu grousse Schied bei landwirtschaftleche Kulture féieren a bis zum Ofstierwe vu bestëmmte Planzen.

Hei am Land wier awer kee Fall bekannt, wou Schuedorganismen iwwert de Loftwee ageschleeft goufen. Anescht an Italien, wou et wéinst dem Aschleefe vun der orientalescher Friichteméck zu grousse Schied un den Uebstbeem, besonnesch um Steenuebst komm ass.

D’ASTA recommandéiert dofir guer keng Planzen oder planzlech Produiten aus Drëttlänner matzebréngen. Och wann et eng Lëscht vu deene gëtt, déi eigentlech erlaabt sinn. Fir de Laie wier et schwéier déi ënnerschiddlech Planzen auserneen ze halen, sou de Julien Reiners. Fir verschidde Planzen anzeféieren bräicht een en extraen Zertifikat.

Ongeféier 2 bis 3 Mol d’Woch géing d’ASTA vun der Douane kontaktéiert ginn, well onerlaabte Planzen oder planzlech Produiten agefouert goufen. Majoritär géing et sech heibäi ëm Uebst a Geméis handelen, seet den Expert. Dës ginn da vun der Douane confisquéiert a vun der ASTA zerstéiert.

Am Kader vun der Sensibiliséierung ënnerstëtzt de Landwirtschaftsministère d’Campagne PlantHealth4Life vun der Europäescher Unioun, ënnert dem Slogan: Maacht eng Foto, a bréngt keng Planzen als Souvenir mat.

Back to Top
CIM LOGO